Wann een Lëtzebuerger ass - 1 Certifikat vum Dokter, 1 Passfoto
Wann der aanerer Nationalitéit ugehéiert an schon méi lang wéi 5 Joër héi an Lëtzebuerg wunnt - 1 Certifikat vum Dokter, 1 Passfoto an een Certifikat de Résidence
Wann dir aanerer Nationalitéit ugehéiert an nach nët esou lang héi an Lëtzebuerg wunnt - 1 Certifikat vum Dokter,1 Passfoto an een Certifikat de Résidence, an en Auszuch aus dem Casier Judiciaire aus ärem Land.
CONDUITE ACCOMPAGNEE KANN EEN UFÄNKEN AM ALTER VUN (MINDESTENS) 17 JOER AN OCH WANN DIR MEI AAL SIDD - Fir unzefänken brauch een eng Persoun als Accompagnateur. Déi Persoun muss den Führerschäin schon méi lang wéi 6 Joër hun an duerf näischt während denen leschten 5 Joër um Gericht laafen hun, wat géint den “Code de la Route” verstouss huet. Säit néistem duerf och den Papp an d’Mamm oder eng aaner Persoun déi den Führerschäin méi lang wéi 6 Joer huet, als Accompagnateur gewielt gin. Déi Persoun(en) déi een soll begleeden muss och matkommen fir d’Aschreiwung vun der Demande de Légitimation auszefëllen.
- Och beim Auto kennen zwee Stéck ugemellt gin. Dëss Auto’en mussen Gangschaltung hun, aus dem Grond, well dir duerno den Führerschäin mat Gangschaltung machen musst. Och beim Auto muss eng Attestatioun vun der Assurance dobäi sin, vun jeweils dem Gefier wat fir d’Conduite Accompagnée gebraucht get.
- 1 Passfoto vum Kandidat, 1 Certifikat vum Dokter an eng Taxe vun 32 € muss en matbrengen.
- Dir braucht en rouden “L”, den dir hannen an Fënster pescht. Desen “L” musst dir op déi lénks Säit resp. hannert den Chaffeur hänken.
- Den Accompagnateur brauch een 2ten Réckspiggel den am Auto ubruecht get.
- Et muss een och puer Regelen befolgen, wann een Conduite Accompagnée mecht. Dat heescht : Et duerf een net zweschend 23:00 - 06:00 Auer fueren. An et duerf een net am Ausland fueren.
- Den Accompagnateur get als vollen Responsablen ugesinn, an ass fir alles responsabel wat geschitt, well en als Chauffeur ugesinn get.
- Bei engem Protokoll (Avertissement taxé) wéinst Vitesse oder wéinst engem aaneren Verstouss géint den « Code de la Route » get Conduite Accompagnée direkt annuléiert.
|